Equipe KlimaPact

 

 

De gauche à droite: Guy Schmit, Christian Weis, Luc Roeder, Marc Lentz, Raoul Schiltz, Sylvie Steinmetz, Marc Reckinger, Wim Heuker

 

Membres de l’équipe climat et leurs responsabilités

 

Aménagement du territoire, constructions                Christian WEIS, service technique

Bâtiments communaux, installations                        Raoul SCHILTZ, service technique

Approvisionnement, dépollution                                Marc LENTZ, échevin

Mobilité                                                                      Sylvie STEINMETZ, échevin

Organisation interne                                                  Marc LENTZ, échevin

Communication                                                         Marc RECKINGER, habitant commune

Coopération                                                               Wim HEUKER, habitant commune

Conseiller climat                                                        Guy SCHMIT, conseiller externe

 

 

Le changement de climat nous concerne tous.

Les développements des technologies écologiques ont connu un progrès énorme pendant ces derniers années. Voilà pourquoi nous nous engageons à promouvoir à travers l’initiative KlimaPakt l'aspect écologique dans le cadre des domaines d’action communaux, tout en transmettant et promouvant des idées de protection de nature au sein de la population entière de notre commune.

 

 

Guy Schmit: « De Klimawandel betrëfft eis alleguer, dofir setzen ech mech als Klimaberoder fir méi Nohaltegkeet an méi Produktioun vun erneierbarer Energie an. Ech wäert d'Klimateam tatkräfteg ënnerstëtzen fir schnellméiglech Resultater virzeweisen hunn. »

 

 

Marc Reckinger: « Zenter menge Studien hunn ech mech schonns fir erneierbar Energien interesséiert. Des Begeeschterung huet an de leschte Joer zou geholl well um Gebiet vun der ekologescher Stroumproduktioun an de neie Méiglechkeete fir Energie ze späichere vill Innovatioun ass. Ech sinn der Meenung dass Atom- a Fossilbrennstoffen iergendwann der Vergaangenheet ugehéieren. D'Kooperatioun am Biwer Klimapakt Team erlaabt et mir mech weider mat deem Thema ze beschäftegen a mech mat Gläichgesënnten auszetauschen.

Ech hoffen dass mir eise Betrag zu enger méi effikasser Notzung vu Ressource kënne bäidroen. »

 

 

Marc Lentz:  « Mir mussen alleguerte mat eise Ressourcen op eng verantwortungsvoll Aart a Weis ëmgoen, fir sou och de kommende Generatiounen eng Liewensgrondlag ze garantéieren.

Natierlech soll fir d’éischt jidderee selwer Verantwortung fir sech a seng Matmënschen huelen. Zousätzlech awer soll een als politesch Verantwortleche konkret Léisunge sichen, an déi ëffentlech Strukturen mussen als dreiwend Kraaft an der Klimaschutzpolitik agéieren.

Enner anerem sollen sou z.B erneierbar Energië landeswäit méi an d’Klimaschutzpolitik mat agebonne ginn. Et soll och méi gezielt op lokal Produkter zréck gegraff ginn.

Zousätzlech zu der nationaler Politik, kënnen d’Gemenge mam gudde Beispill virgoen an och ouni grouss bürokratesch a finanziell Opwänn dozou bäidroe fir Energie ze spueren, an d’Klima an d’Ëmwelt ze schützen.»

 

 

Christian Weis: « Als Jugendlechen hat ech ëmmer eng Faveur fir alles wat mat Bauen an Technik ze doen huet an deementspriechend sinn ech Bauingenieur ginn. Sou sinn ech op der Biwer Gemeng haaptsächlech fir déi nei Projet’en, fir Baugeneemegungen an alles wat mat Urbanismus zesummen hänkt zoustänneg. Do gëtt een automatesch ëmmer mat Energie, Klima an der Ëmwelt a Verbindung bruecht. En plus soll eng Gemeng eng Virbildfunktioun anhuelen an deementspriechend als Virreider fir nei Technologien op sin, déi deem aktuelle Klimawandel, sou gutt et geet, entgéintwierkt. Wëll ech ee Mënsch sinn deen eppes bewierke wëll hunn ech mech dozou entschloss dem Klimateam zu Biwer bäizetrieden a probéiere mäin Wëssen a meng Motivatioun mat anzebrénge fir dem Klimawandel entgéint ze wierken. Mir sollen d'Natur respektéieren an net zerstéieren, wëll mir alleguer a besonnesch déi zukünfteg Generatiounen nach laang dovunner profitéiere kënnen. »

 

 

Raoul Schiltz: « Opgrond vu menge beruffleche wéi och privaten Intressien an der energetescher an technescher Sanéierung a Verwaltung vu Gebaier hoffen ech am Klimateam verschidden Iddien mat ze entwéckelen déi des Wäerter erëmzespigelen. Dëst betrëfft och den Erhaalt vu regionale Strukturen (Bepflanzung, Bebauung).

E weidert Thema wou ech mech di lescht Joere säit deem ech am Service technique vun der Gemeng Biwer aktiv sinn, intensiv ausernee gesat hunn ass en intelligente Management vun eise kommunale Waasserreseauen wat sécherlech am Kader vum Klimapakt vun Intressi dierft sinn. »

 

 

 

Sylvie Steinmetz: « Je suis déléguée communale pour les  transports en commun.

J’utilise régulièrement, depuis 33 ans, le transport public pour me rendre au travail, respectivement pour faire des achats  de moindre volume, dans les villages voisins.

J’essaie, par mon modèle et ma pratique, de susciter les gens à profiter des  avantages du transport public, c’est-à-dire  la réduction de CO2, le contact social avec  les autres voyageurs, l’absence de stress et d’embouteillage, lire des livres et des journaux, écouter  de

la musique, répondre aux SMS, se préparer aux devoirs en classe, l’absence de risque d’accident avec la voiture personnelle,… et surtout le prix très intéressant.

 

Je sais qu’on ne peut pas renoncer complètement à la voiture privée, surtout pas en dehors des heures normales (le soir ou le weekend) ou pour se déplacer vers des endroits non desservis par les bus ou pour faire des achats d’énorme quantité, mais une réduction de l’utilisation de la voiture personnelle au strict minimum serait souhaitable. On pourrait se servir de la mobilité douce (la marche à pied, le vélo…) sur le territoire de la commune.

 

Le challenge est de trouver le bon chemin entre l’offre et la demande. Si l’offre du transport public dans notre commune est conforme aux besoins réels (et économiquement faisables)  de nos citoyens, ceux-ci  utiliseront  davantage le transport public.

 

J’essaie d’informer la population communale des possibilités offertes actuellement par le transport collectif et d’améliorer, au niveau national, la correspondance entre les trains, respectivement les bus,  et de ce fait rendre l’utilisation des trains et bus plus attrayante pour notre commune. »

 

 

 

CONTACT

Contacter le KlimaTeam <mailto:klimapakt@biwer.lu>


 

 

 

macommune.lu
© Administration Communale de Biwer