Evènement

Eierung vu Verdéngschtvolle Veräiner, Veräinsleit, Schüler a Bierger

Date de création
-
Catégorie
Téléphone

Freideg, 23. November 2018

19.30 Auer am Centre Culturel Fancy

D’Gemeng Biwer an d’Entente vun de Veräiner aus der Gemeng organiséieren e Freideg,

den 23. November 2018 um 19.30 Auer am Centre Culturel Fancy eng Receptioun zu Éiere

vu:

verdéngschtvolle Schüler

Sportsequippen (Jugend- oder Seniorsequippen) aus eiser Gemeng déi d’lescht Saison eng

Divisioun geklomme sinn

individuelle Sportler aus der Gemeng, déi am Laf vun der vergaangener Saison eng

aussergewéinlech Performance geleescht hunn (1., 2. oder 3. Plaz bei enger nationaler oder

internationaler Competitioun, Coupe, Championnat)

Leit déi sech duerch hir laang Wierken an de lokale Veräiner zum Wuel vun der Allgemengheet

agesat hunn (25 Joer Comitésmember oder 50 Joer Member vum selwechte Veräin)

Leit aus eiser Gemeng déi duerch hier aussergewéinlech sozial Wierke speziell Meritter

verdéngen.

En Ensembel vu jonke Musekanten aus der Regionaler Maacher Musekschoul suergt fir de

musikaleschen Encadrement.

Duerno offréiert d’Gemeng en Éierewäin.

All Awunner a Veräiner aus der Gemeng Biwer sinn häerzlechst invitéiert fir eis Laureaten

ënnerstëtzen ze kommen.

Kandidaturen a Propositioune kënnt Dir bis den 19. November 2018 per Email:

commune@biwer.lu oder per Post un d’Gemeng Biwer, 6 Kiirchestrooss, L-6834 Biwer, era ginn.