Actualité

Eierung vu verdéngschtvolle Veräiner, Veräinsleit, Schüler a Bierger

​ÉIERUNG VU VERDÉNGSCHTVOLLE VERÄINER, VERÄINSLEIT, SCHÜLER A BIERGER
Freideg, 22. November 2019
19.30 Auer am Centre Culturel Fancy

D’Gemeng Biwer an d’Entente vun de Veräiner aus der Gemeng organiséieren e Freideg, den 22. November 2019 um 19.30 Auer am Centre Culturel Fancy eng Receptioun zu Éiere vu:  verdéngschtvolle Schüler  Sportsequippen (Jugend- oder Seniorsequippen) aus eiser Gemeng déi d’lescht Saison eng Divisioun geklomme sinn  individuelle Sportler aus der Gemeng, déi am Laf vun der vergaangener Saison eng aussergewéinlech Performance geleescht hunn (1., 2. oder 3. Plaz bei enger nationaler oder internationaler Competitioun, Coupe, Championnat)  Leit déi sech duerch hir laang Wierken an de lokale Veräiner zum Wuel vun der Allgemengheet agesat hunn (25 Joer Comitésmember oder 50 Joer Member vum selwechte Veräin)  Leit aus eiser Gemeng déi duerch hier aussergewéinlech sozial Wierke speziell Meritter verdéngen.
En Ensembel vu jonke Musekanten aus der Regionaler Maacher Musekschoul suergt fir de musikaleschen Encadrement.
Duerno offréiert d’Gemeng en Éierewäin.
All Awunner a Veräiner aus der Gemeng Biwer sinn häerzlechst invitéiert fir eis Laureaten ënnerstëtzen ze kommen.
Kandidaturen a Propositioune kënnt Dir bis den 15. November 2019 per Email: commune@biwer.lu oder per Post un d’Gemeng Biwer, 6 Kiirchestrooss, L-6834 Biwer, era ginn.

Flyer