Actualité

UNICEF - Porte à Porte Campagne

D’UNICEF organiséiert vun Méindes de 17/02 bis Samschdes, den 22/02 eng ‚Porte à Porte‘ Campagne um Territoire vun eiser Gemeng.

 

Bei dëser Campagne ginn d‘ Équipen vun UNICEF bei d ‘Leit heem schellen, fir se iwwert d ‘Aarbecht vun UNICEF z’ informéieren a fir hinnen d ‘Geleeënheet ze ginn sech anzeschreiwen fir regelméissegen Donateur vun der Organisatioun ze ginn.

  

Se huelen zu kengem Zäitpunkt boer Suen. Et geet, wéi gesot drëm d ‘Leit z’ informéieren an regelméisseg Donateuren ze rekrutéieren iwwert de Wee vun enger Inscriptioun iwwer iPad. Doriwwer eraus kënnen se sech mat engem Badge ausweisen an hu Kleeder mat dem Numm a Logo vun UNICEF un.

 

Fir weider Informatiounen, zéckt wann ech gelift net, fir bei UNICEF unzeruffen.

 

Police ass och iwwert Campagne informéiert.